Rosa Lëtzebuerg huet Haut e Schreiwes und’CSV an d’DP geriicht, déi sech aktuell a Koalitiounsverhandlunge befannen. Mat dësem Schreiwes wëlle mir d’Fuerderunge vun der LGBTIQ+ Community zu Lëtzebuerg nach eemol an de Fokus setzen. D’Zil ass et, dës Revendicatioune wärend den aktuelle Verhandlungen ze diskutéieren an hoffentlech an den zukünftege Koalitiounsaccord ze integréieren.

Mir sinn iwwerzeegt, datt dës Fuerderungen essentiel si fir d’Wuel vun der gesamter LGBTIQ+ Community zu Lëtzebuerg. Et asse wichtege Schrëtt an d’Richtung vu méi Gerechtegkeet, Akzeptanz a Gläichberechtegung.

Mir ruffe béid Parteien dozou op, dëse Courrier den entspriechenden Aarbechtsgruppen zoukommen ze loossen, déi sech mat dësen Theme befaassen. Rosa Lëtzebuerg ass doriwwer eraus bereet, fir perséinlech Erklärungen an Detailer zu all den ugeschriwwene Punkten un den Aarbechtsgrupp ze liwweren.

*Klick* héi fir de Bréif