Den 8. Februar huet den Deputéierte vun der ADR, den Tom Weidig, an engem Post op Facebook[1], deen net als aneschters als transfeindlech ka gesi ginn, dem US-amerikanesche Präsident Trump fir säin Executive Order gratuléiert, mat deem dësen Transmënschen d’Participatioun am Equippesport verbueden huet.

Ënnert dësem Post sinn eng ganz Reih queerfeindlech Kommentarer am Generellen, souwéi transfeindlecher Aussoen am Besonneschen gemaach ginn. An engem mëttlerweil vum Auteur selwer geläschte Kommentar gouf oppen zur “Vernichtung vun LGBTIQ+” opgeruff. Dëse Kommentar gouf vum Deputéierten Weidig souwéi 2 weidere Persounen geliked.

Rosa Lëtzebuerg, d’Interessevertriedung vun LGBTIQ+ Mënschen zu Lëtzebuerg, weist sech net nëmmen entsat iwwert dëse Post, mee nach vill méi doriwwer, datt dëse vun engem gewielte Volleksvertriedenden geliked gouf. Datt den Här Weidig sech réicht dono an Interviewen dofir entschëllegt, nodeems éischt Medien doriwwer bericht hunn, ass fir Rosa Lëtzebuerg dofir alles aneschters ewéi éierlech. En offizielle Statement vum Deputéierten op sengen eegenen soziale Kaneel oder um Site vun der Partei feelt bist haut, sou datt sech eis den Gedanken opdrängt, datt d’Excuse net fir déi eegen Follower, mee just fir déi geduecht, déi an der Ëffentlechkeet dono froen. Dozou kënnt, datt och e Like “am Eifer des Gefechts” [2], wéi am Här Weidig senger Ausso um Radio 100,7 ze héiere war, nach ëmmer eng prinzipiell an als Zoustëmmung zum besoten Opruff zu Haass a Gewalt gewert muss ginn. Och am “Eifer des Gefechts” léisst een esou Kommentarer net stoen.

Rosa Lëtzebuerg deelt heimadden mat, datt d’Associatioun eng Plainte bei der Police géint ë.a. de Auteur vum betreffenden Haasskommentar souwéi zum Like vum selwechten duerch den Deputéierte Weidig agereecht huet.

Mir fuerderen dofir, datt den Här Weidig sech senger Reechwäit als Politiker bewosst gëtt a senger Responsabilitéit als Volleksvertrieder gerecht gëtt an an déier Konsequenz vu senge politeschen Ämter an der Chamber souwéi am Stater Gemengerot zerécktrëtt.

Et kann net ouni Konsequenzen bleiwen, fir esou Messagen ze publizéiert, dës ze ënnerstëtzen an sech, soubal een dobäi erwécht gëtt, net an engem éierlechen an ugemiessenen Mooss dofir geruet ze stoen.

Mir kritiséieren doriwwer eraus d’Partei ADR, déi sech haut (Stand: 11.02.2025, 13:00) weder Stellung zum Virfall geholl hunn, nach selwer Sanktiounsmoossnamen géint hiren Deputéierten ënnerholl hunn. Dëst Verhalen dréit esou zousätzlech zu enger Radikaliséierung géint queer Mënschen bäi a muss op d’Schäerfst veruertdeelt ginn.

[1] https://www.facebook.com/share/p/162kqVYMwY/

[2] https://www.100komma7.lu/news/Tom-Weidig-entschellet-sech-fir?pd=radio