De leschte Freideg, den 28. Mäerz 2025, huet eis engagéiert Vertriederin Tania Whitehouse, Member vum Verwaltungsrot vu Rosa Lëtzebuerg, un der alljährlecher Generalversammlung vum de Jugendrot deelgeholl – begleet vun Jeannine Langers a Tom Hecker.

Den de Jugendrot, als Daachverband vun de Jugendorganisatiounen zu Lëtzebuerg, vereenegt iwwer 30 aktiv Gruppen aus ville verschiddene Beräicher a gëtt reegelméisseg vu Ministerien an Institutiounen zu jugendrelevante Sujete consultéiert.

Am Gespréich mam President Liam Bremer ass kloer ginn: De direkten Austausch mat de Memberorganisatiounen ass essentiell – an hir Stëmmen a Besoinen sollen nach méi visibel ginn.

✨ Dat huele mir bei Rosa Lëtzebuerg als Geleeënheet, eis Participatioun am de Jugendrot ze stäerken – zesumme mat dir!

👉 Mir sichen zwou motivéiert Begleeder:innen ënner 35 Joer, déi Loscht hunn, d’Tania an hirer Aarbecht am de Jugendrot z’ënnerstëtzen a sech fir d’Interesse vun der queerer Jugend anzesetzen. Egal ob’s de schonn aktiv bass bei Rosa Lëtzebuerg oder einfach begeeschtert fir LGBTIQ+ Themen – du bass häerzlech wëllkomm!

Wat dech erwaart:
✅ Matmaachen un interessante Reuniounen a Vernetzungsveranstaltungen
✅ Austausch mat anere Jugendorganisatiounen
✅ D’Méiglechkeet, queer Perspektiven op politeschem Niveau anzebréngen
✅ Eng Plaz um Dësch, wou Jugendpolitik geschriwwe gëtt

💌 Interesse? Schreif eis eng kuerz Noriicht op info@rosa-letzebuerg.lu – mir freeën eis op dech!