Iwwert eis

Statuten

Verwaltungsrot

Eis Geschicht

Rosa Lëtzebuerg asbl, gegrënnt 1996, setzt sech fir LGBTIQ-Mënschen an an ass am Beräich gesellschaftlecher Froen zum Thema LGBTIQ+ aktiv. Dës Ofkierzung bezitt sech op lesbesch, schwul, bisexuell an transident Mënschen, woubäi transident Mënschen sech op all d’Mënschen bezitt, déi sech net mat dem Geschlecht, dat hinne bei der Gebuert zougewise gouf, an den domat verbonnene Rollen an eiser Gesellschaft identifizéieren.

Wat mir maachen

D’Associatioun

verdeedegt a fërdert d’Rechter vun LGBT-Persounen an all déi, déi indirekt, mee perséinlech betraff sinn. Si ziilt dorobber of, eng vollstänneg Gläichbehandlung vun dëse Mënschen ze erreechen.

D’Associatioun

bekämpft sämtlech Diskriminéierung vun LGBT-Persounen oder indirekt betraffenen, mee perséinlech betraffe Persounen.

D’Associatioun

schafft un der Sensibiliséierung an Informatioun vun der Gesellschaft, déi wëssenschaftlech a politesch Welt abegraff esou ewéi déi vun de Medien.

D’Associatioun

wierkt an de Beräicher vun der Justiz, Gesondheet, soziaalt Liewen, Bildung, Kultur a Sport.

D’Associatioun

fërdert Aktivitéiten zum Accueil, Animatioun, Schoulung a sozio-familiär Berodung.

D’Associatioun

fërdert wëssenschaftlech Fuerschungsaktivitéiten am LGBT-Kontext.

Mat denger Hëllef kënne mir d’Welt veränneren

Hei e klenge Réckbléck op eis Luxembourg Pride, déi mir Dank denger Ënnerstëtzung all Joer op e neits organiséiere kënnen.

All d’Videoe vun de vergaangenen LXB PRIDE

Memberen

Comitésmemberen

verschéckten Newsletter

Tase Kaffi

gegrënnt am Joer

GayMat säit

Luxembourg Pride säit

Mir si Member bei

Associéierte Member bei

Member bei

Schreif eis

Du hues Froen zu eiser General Versammlung, oder Rosa Lëtzebuerg? Du interesséiers dech fir eis LUXEMBOURG PRIDE? Oder hues du eng aner Fro? Da benotz dach einfach hei eise Kontaktformular!