Gëff aktiv!

Deng Community brauch dech!

Als eelsten LGBTIQ+ Organisatioun zu Lëtzebuerg probéiert Rosa Lëtzebuerg asbl säit 1996 d’Situatioun vu queere Mënschen zu Lëtzebuerg ze verbesseren. Dëst geschitt duerch politeschen Aktivismus, duerch Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnen esou ewéi duerch d’Organiséieren vu sozio-kulturelle Veranstaltungen. Rosa Lëtzebuerg asbl ass dobäi op d’Ënnerstëtzung vun Éierenamtlechen ugewisen. Eng Community ass ëmmer dovunner ofhängeg, dass sech d’Memberen engagéieren fir esou eng nach méi interessant Bandbreet vun Aktivitéiten an Offeren ze schafen.

Du wëlls eis dobäi hëllefen fir déi queer Siichtbarkeet ze erhéijen an dass d'Community-Liewen zu Lëtzebuerg ze verbesseren? Dann ënnerstëtz eis dobäi!

Wéi kann ech mech abréngen?

Dëst ass op véier ënnerschiddlech Weeër méiglech:

1

Besich eis Events

 

Wéi virdru schonn ernimmt, organiséiert Rosa Lëtzebuerg dat ganzt Joer iwwer verschidden Eventer. Dëst geet vun der Luxembourg Pride Week iwwer eemol am Mount e Queer After Works bis zu Partys, Ausflich, Konferenzen an Ausstellungen. All dës Events gi vu Benevole geplangt an organiséiert. Wéi iwwerall gëllt och hei: wat méi Mënschen deelhuelen, ëmsou méi spannend gëtt et fir all Participant. De gréissten Deel vun eise Veranstaltungen riichten sech prinzipiell un déi ganz LGBTIQ+ Community, onofhängeg vu Sprooch, Alter, Nationalitéit asw.

Wann s du ënnert eisen Offeren net dat passend fir dech fënns: kee Probleem! Schreif eis an hëllef eis aktiv dobäi weider spannend Offeren opzebauen!

Du waars schonn emol bei engem vun eisen Events an et huet dir net gefall? Da gëff eis nach eng Chance an hëllef eis dobäi mat dengem Feedback a gëff Volunteer fir eis Offer ze verbesseren!

Gëff éierenamtlech täteg!

Rosa Lëtzebuerg asbl besteet am Moment exklusiv aus Benevole. Déi meescht vun eisen Aktivitéiten ginn a klenge Gruppen geplangt a vun deene jeeweilegen Memberen ëmgesat. Et gëtt eng Aarbechtsgrupp déi sech em déi rechtlech Situatioun vun LGBTIQ+ zu Lëtzebuerg auserneesetzt an dobäi Fuerderungen un d’Politik formuléiert, et gëtt eng Aarbechtsgrupp déi d’Informatiouns- an d’Sensibiliséierungsaarbecht betreit oder och Aarbechtsgruppen déi sech em déi sozio-kulturell Veranstaltungen vun der LUXEMBOURG PRIDE iwwert Partys bis zu diversen aneren Aktivitéiten këmmeren. Eis Memberen freeën sech ëmmer op nei Gesiichter a spannend Iddien.

2

3

Gëff Member

Als Veräin ouni Gewënnzweck gi sämtlech Veranstaltungen a Projeten haaptsächlech duerch Membersbeiträg, Spenden a projetsbezunne Subside finanzéiert. Andeems du Member gëss, ënnerstëtz du eis net nëmme finanziell, mee kanns och un enger Rei vu veräinsinternen Offeren a Remisë profitéieren. Zu gudder Läscht hues du als Member och d’Méiglechkeet eis Aarbecht am Detail ze verfollegen an iwwert d’Zukunft vun eiser Organisatioun mat ze entscheeden.

Hei kanns du Member ginn!

Rosa Lëtzebuerg asbl huet säit September 2021 de Status vun engem Verband. Dëst bedeit, dass och ganz Organisatiounen, Gruppen, Initiativen, asw. Member gi kënnen. Als Memberorganisatioun kann äre Verband ganz aktiv un der Ausriichtung vu Rosa Lëtzebuerg deelhuelen a vu sämtleche Ressourcë vu Rosa Lëtzebuerg profitéieren. Dir sidd interesséiert? Da mellt iech bei eis: info@rosa-letzebuerg.lu

Ënnerstëtz eis Aarbecht mat enger Spend!

Ewéi scho gesot, besteet eis Budget zum Gréisstendeels aus Membersbeiträg esou ewéi och aus projetsbezunne Subsiden aus ëffentlecher Hand. Well dat jo net duergeet, si mir och op Spenden ugewisen. Mat enger Spend ënnerstëtzt du eis aktiv dobäi fir weider Projete realiséieren ze kënnen.

4

Schreif eis

Du hues Froen zu eiser General Versammlung, oder Rosa Lëtzebuerg? Du interesséiers dech fir eis LUXEMBOURG PRIDE? Oder hues du eng aner Fro? Da benotz dach einfach hei eise Kontaktformular!