D’Editioun vun dësem Joer ass fäerdeg, elo plangen mir den # LuxembourgPride2020! A mir wëllen dat net ouni dech maachen!

Eise Pride Event ass net nëmmen e Projet vu e puer Leit, et sollt DEN Héichpunkt fir d’Lëtzebuerger Gemeinschaft sinn, organiséiert VUN der Lëtzebuerger Gemeinschaft! Aus dësem Grond plange mir e Barcamp, wou all Bénévole kann hëllefen dee beschtméigleche Pride Event ze kreéieren!

Dagsiwwer wäerte mir e puer Brainstorming Sessiounen a Form vun Ateliere fir vill Themen a fir déi meescht vun eisen Ënnerevenementer ubidden. En Zäitplang gëtt an de folgende Wochen publizéiert.

Fir déi, déi sech u Kaffi a Mëttegiessen interesséieren (am ganzen fir 15 €, resp. 10 € fir Studenten), kënne sech hei umellen: https://forms.gle/QXzDj5uyLFrBVjH3A