Mat Besuergnis stellen d’Signataire vun dësem Bréif fest, dass net méi spéit ewéi den 20. Juli eng Petitioun online gaangen ass, déi d’Zil huet, d’Regierung opzefuerderen, fir LGBTIQA+-Themen aus de Stonnepläng vu mannerjärege Schüler*innen ze huelen. Dëst net emol eng Woch no der Luxembourg Pride, däre Sënn et ass fir queere Mënsche Visibilitéit ze ginn.
Mir si verwonnert, dass eng Petitioun als recevabel ugesi gëtt, déi d’LGBTIQ+ Identitéiten als Ideologie behandelt, iwwert déi d’Elteren no eegene Wäerter an Iwwerzeegungen opkläre sollen oder eben och net an doduerch Exklusioune schafen. An der Petitioun N°3198 geet een dovunner aus, esou eist Versteesdemech, dass d’Kenntnis vu queeren Identitéiten eng psychopedagogesch Stéierung ervirruffe kann. Des Weidere wëlle mir dorobber hiweisen, dass d’Onsiichtbarmachen eng kloer Ausgrenzung vun der LGBTIQA+ Community ass, wat mir als e queerphoben Akt wäerten1. Deementspriechend ginn eiser Meenung no déi ethesch Prinzippien, déi eng Petitioun erfëlle muss net respektéiert. Dës Petitioun verstéisst géint Mënscherechter esou ewéi géint d’Engagement am Koalitiounsvertrag vum Gouvernement fir eng inklusiv Educatioun an ignoréiert dobäi empiresch a wëssenschaftlech Realitéiten.
Dass d’Petitioun nëmmen 3 Deeg no hirer Publicatioun déi néideg 4.500 Ënnerschrëften erreecht huet an entspriechend vu riets-extreme Politiker*innen, ewéi z.B. engem ADR-Deputéierten, kommentéiert ginn, dréit op en neits zu engem anti-queeren Diskurs bäi, dee sech an de leschte Jore verschlëmmert huet.
Esou e Verbuet wier ganz kloer Zensur a léist eis u Gesetzesinitiativen denken ewéi mir se aus anere Länner kennen, ewéi zum Beispill Russland oder Ungarn, och erënnert dëst un d’Legislatioun “Don’t say gay” wéi se am US-Bundestaat Florida ëmgesat gouf.
D’Signataire vun dësem Bréif wëllen dorop hiweisen, dass trotz laangjärege Fuerderunge vun der queerer Community an alliéierten Organisatiounen zu Lëtzebuerg an, ewéi och eng Etude vun der Uni.lu mam Titel Les représentations du genre dans les manuels scolaires – Une étude à l’école secondaire luxembourgeoise2 vun 2023 et weist, LGBTIQA+-Themen nach ëmmer net konsequent am Schoulprogramm integréiert sinn. D’Onsiichtbarmaache vu queeren Identitéiten am Enseignement huet zur Folleg, dass Kanner engersäits eventuell ni mat dëse Liewensrealitéiten a Kontakt kommen, friem Virurteeler iwwerhuelen oder, an deem Fall wou si selwer betraff wieren, hir eegen Identitéit net an engem geschützte Beräich kenneléiere kënnen an sech esou eleng gelooss fillen. D’Petitioun violéiert d’Mënscherechter vu queere Mannerjäregen, hiren Elteren an der queerer Community zu Lëtzebuerg als Ganzes. Mir weisen drop hin, dass eng ëmfaassent Opklärung iwwert emotional a sexuell Gesondheet e wichtegt Mëttel zur Präventioun vu Gewalt, Mëssbrauch an Diskriminéierung ass. Dëst Zort vu Präventioun gehéiert eendeiteg zu de Rechter vum Kand.
Selbstverständlech muss all Form vu schouleschem Contenu ëmmer dem jeeweilegen Alter vun de Schüler*innen ugepasst sinn. D’Onsiichtbarmaachen vu Liewensidentitéiten, déi Bestanddeel vun eiser Gesellschaft sinn, steet net am Déngscht vun eise Kanner, nach vun eiser Gesellschaft. Am allermannste vu queere Kanner resp. de Kanner vu Reeboufamillen. D’Roll vun de Schoulen ass et, fir iwwert eis villfälteg Gesellschaft opzeklären an dëst fräi vu Virurteeler.
1 Art.15(2) vun der Verfaassung: « Nul ne peut être discriminé en raison de sa situation ou de circonstances personnelles »
2 https://www.uni.lu/fr/news/les-representations-du-genre-dans-les-livres-scolaires-en-secondaire/
D’Signatairen:
4motion
CID FRAEN AN GENDER
CESAS
CET
Centre LGBTIQ+ Cigale
Citizens for Ecological Learning & Living
De Podcast Méi wéi Sex
Familljen-Center
FESTROGEN
Laboratoire d’Études Queer, sur le Genre et les Féminismes – LEQGF Asbl
LËTZ RISE UP
Megaphone
Musée National de la Résistance et des Droits Humains
Planning Familial
PRIZMA – uni.lu LGBT+ Students’ Association
queer loox
Richtung22
Rosa Lëtzebuerg asbl